Fir de Saisonsoptakt 2025/26 huet de Lëtzebuerger Ensembel United Instruments of Lucilin op e Concert agelueden, bei deem si op hir 25-järeg Karriär zeréckkucken, mee och e Bléck an d'Zukunft woen.
De Concert ass an 3 Deeler opgedeelt: "Past > Present > Future" beschäftegt sech awer net just mat 3 zäitleche Raim, mee och domat, wéi een Afloss dës openeen hunn. Esou weist d'Zeechen ">", datt an der Géigewaart an an der Zukunft ëmmer och Aflëss vun der Vergaangenheet matspillen. Esou hunn och d'Komponisten sech iwwer d'Joerhonnerten ëmmer nees u Virbiller aus dem Passé inspiréiert an dorauser eppes Neies geschaf.
Deen éischten Deel gëtt hei duerch dem Luciano Berio seng "Folk Songs" duergestallt, e Wierk, dat den Ensembel scho virun 21 Joer gespillt huet.
Duerno héiere mir dann dem Camille Kerger seng Kompositioun "Wandel ist. Was alles mit einem Augen-aufschlag uns entkommt", bei där den Nico Helminger d'Texter geschriwwen huet. Dëst soll de Présent symboliséieren.
A fir de Sprong an d'Zukunft ze woen, begëtt sech den Ensembel zesumme mat Les Harmoniques du Néon ënner der Leedung vun der Anne-Julie Rollet an der Anne-Laure Pigache op eng guidéiert Improvisatioun a Performance sonore mam Titel "La Langue du Perroquet".
Virun all Stéck sinn dann och ënnerschiddlech Memberen aus dem Ensembel United Instruments of Lucilin beim Marie Schockmel am Interview gewiescht fir iwwer de Passé, de Présent an de Futur vum Ensembel, an och iwwer den allgemenge Stellewäert vun zäitgenëssescher Musek ze schwätzen.
Programm:
Luciano Berio (1925-2003): Folk Songs
Camille Kerger (1957-): "Wandel ist. Was alles mit einem Augen-aufschlag uns entkommt"
"Les Harmoniques du Néon": "La Langue du Perroquet"
Interpreten:
United Instruments of Lucilin
Julien Leroy, Steve Böhm, Direktioun
Anne-Julie Rollet, Anne-Laure Pigache, Konzeptioun vun der Improvisatioun
Am Interview:
André Pons-Valdès, Guy Frisch, Winnie Cheng, Max Mausen, Sophie Dehayes, Olivier Sliepen, Désirée Bonacci
Opgeholl gouf dëse Concert an de Stater Rotonden an Dir kënnt en nach ee Mount laang an der Mediathéik vum Opus 100,7 nolauschteren.