Wann d‘Geiistin Julia Fischer bei de Kölner Philharmoniker zu Besuch ass, da weess een, datt ee sech op en usprochsvollen a virtuose Concert freeë kann. Ënner der Direktioun vum rumäneschen Dirigent Cristian Măcelaru steet de Geieconcerto vum Brahms um Programm, ee vun de beléiftsten an usprochsvollste Wierker fir Gei a Sinfonieorchester iwwerhaapt.
D’Julia Fischer zielt zënter ville Joren zu de profiléiertste Geiistinnen an der internationaler Concertsszeen. Aktuell ass si Geieprofessorin un der Hochschule für Musik und Theater München, wou si och selwer emol studéiert huet. Donieft huet si sech awer och als Pianistin a Kammermusekerin en Numm gemaach, huet schonn eng sëllege Präisser gewonnen a mat Orchesteren an der ganzer Welt zesummegeschafft. Si ass kuerzfristeg fir déi amerikanesch Geiistin Hilary Hahn agesprongen, déi ursprünglech mat de Kölner Philharmoniker fir dëse Concert op der Bün stoe sollt.
Wärend 6 Joer huet de Cristian Măcelaru de Kölner WDR Sinfonieorchester geleet, a fir dës Zäit kréinend ofzeschléissen, huet hien nieft dem Brahms Concerto och dem Schostakowitsch seng 10. Sinfonie erausgesicht.
Dëse Concert ass e Matschnëtt vum Juni 2025 a gëtt presentéiert vum Tanja Duprez. Dir fannt en nach bis de 7. Dezember 2026 an eiser Mediathéik.
Programm
• Johannes Brahms - Concerto fir Gei a Re Majeur, op.77 (1878)
• Dmitri Schostakowitsch - Sinfonie Nr. 10 a Mi mineur, op.93 (1953)
Interpreten:
• Julia Fischer, Gei
• WDR Sinfonieorcheste
• Cristian Măcelaru, Direktioun