Haut, 1. Dezember 2025, ass dem Rudolf Buchbinder säin 79. Gebuertsdag. Virun zimmlech genee engem Joer ass hien zu Saarbrécken mam Gershwin sengem Pianosconcerto opgetrueden. D'Deutsche Radiophilharmonie Saarbrücken/Kaiserslautern weist mam Dvorak senger néngter Sinfonie, wéi den europäesche Bléck op déi nei Welt - dat deemolegt Amerika - war.
Programm:
George Gershwin (1898-1937): Pianosconcerto a Fa
Alfred Grünfeld (1852-1924): Soirée de Vienne, op.56 (Zugab)
Antonin Dvorak (1841-1904): Sinfonie Nr. 9 "Aus der neuen Welt"
Interpreten:
Rudolf Buchbinder, Piano
Deutsche Radiophilharmonie Saarbrücken/Kaiserslautern
Pietari Inkinen, Direktioun
Dëse Concert gouf de 15. Dezember 2024 an der Congresshalle zu Saarbrécken opgeholl. D'Opnam ass disponibel bis den 31. Dezember 2025 an der Mediathéik vum opus. Déi fannt Dir iwwer www.opus.radio oder iwwer d'opus 100,7 App.