Dës Emissioun ass en Hommage un déi grouss Lëtzebuerger Cellistin Françoise Groben, déi de 4. Dezember hire siechzegste Gebuertsdag gefeiert hätt. De musikalesche Programm mat symphonesche Wierker a Kammermusek vun Haydn, Tschaikowski, Boccherini, Grieg a Schumann ass e Reflet vun hirer groussaarteger Karriär.
Programm:
- Joseph Haydn: Concerto fir Cello an Orchester Nr. 1
Françoise Groben, Cello,
Solistes Européens, Luxembourg, Jack Martin Händler
- Pjotr Iljitsch Tschaikowski: Variatiounen iwwer e Rokoko-Thema op.33
Françoise Groben, Cello
Orchestre Philharmonique du Luxembourg, David Shallon
- Luigi Boccherini: Concerto fir Cello an Orchester G.479
Françoise Groben, Cello
Chamber Orchestra of the ECYO, James Judd
- Edward Grieg: Sonat fir Cello a Piano op.36
Françoise Groben, Cello
Alfredo Perl, Piano
- Robert Schumann: Sträichquartett Nr. 1
Zehetmair Quartett