De Klarinettist Arthur Stockel (*1996) an den Cellist Cyprien Keiser (*2000) trieden am Spiggelsall vum Iechternacher Lycée um Echter'Classic Festival op. D'Zil vun dëse Showcasen ass et Talenter vun hei engem Publikum mat nationalen an internationale Vertrieder:innen aus der Klassikindustrie ze presentéieren. Mat der Serie Focus Musique Classique huet Kultur LX véier Showcasen organiséiert. An dëser Emissioun héiert Dir déi éischt zwee.
Showcase 1:
Johannes Brahms (1833-1897): Sonate Nr. 2 a Mi bémol Majeur, op.120
Arthur Stockel, Klarinett
Manuel Vieillard, Piano
Showcase 2:
Felix Mendelssohn Bartholdy (1809-1847): Sonat fir Cello a Piano Nr. 2, op.58, I. Allegro assai vivace
Robert Schumann (1810-1856): Intermezzo, aus der "FAE-Sonate"
César Franck (1822-1890): Sonat fir Gei a Piano, II. Allegro
Gaspar Cassadó (1897-1966): Danz vum gréngen Däiwel
Cyprien Keiser, Cello
Jessica Chan, Piano
Déi zwee Showcasë goufen den 10. Oktober 2025 um Echter'Classic Festival opgeholl. D'Opnam ass disponibel bis den 29. Dezember 2025.