D'Kammerata Lëtzebuerg feiert op dësem Concert hire 40. Anniversaire mat Onslow an Dartevelle. Vum Onslow steet mam Nonett, op.77 grouss Kammermusek fir 9 Instrumentalisten um Programm. Vum Olivier Dartevelle gëtt et eng musikalesch Fantaisie iwwer dem Jules Verne seng Kuerzgeschicht "Le Docteur Ox".
Programm:
Olivier Dartevelle (*1957): Un Certain Docteur Ox ...
George Onslow (1784-1853): Nonett a La mineur, op.77
Interpreten:
Markus Brönnimann, Flütt
Max Mausen, Klarinett
Philippe Gonzalez, Hautbois
François Baptiste, Fagott
Leo Halsdorf, Cor
Sandrine Cantoreggi, Gei
Susanne Martens, Braatsch
Pierre Fontenelle, Cello
Choul-Won Pyun, Kontrabass
Béatrice Rauchs, Piano
Olivier Dartevelle, Erzieler a Komponist
Dëse Concert gouf den 30. September 2025 am Kammermusekssall vun der Philharmonie opgeholl.
D'Opnam ass bis den 22. Dezember disponibel.