Alles mat Sträicher - esou kann een de Concert hei beschreiwen. Ob ursprünglech esou vum Komponist ugeduecht oder duerno fir Sträichorchester adaptéiert, dëse Repertoire ass vum waarme Sträicherklang gepräägt.
Programm:
Ottorino Respighi (1879-1936): Il tramonto, fir Mezzo-Sopran a Sträicher
Robert Schumann (1810-1856): Concerto fir Cello an Orchester, op.129 (Fassung fir Sträichorchester)
Antonín Dvořák (1841-1904): Sträicherserenade Nr. 1 a Mi Majeur
Johannes Brahms (1833-1897): Geistliches Wiegenlied, op.91 (Zugab)
Interpreten:
Stéphanie Huang, Cello
Cécile Lastchenko, Mezzo-Sopran
Orchester vun der Stëftung Baron Arthur Grumiaux
Luc Dewez, Direktioun
Dëse Concert gouf de 27. September 2025 an der Kierch zu Biebereg um Festival Musique dans la Vallée opgeholl. D'Opnam ass nach bis den 18. Dezember 2025 disponibel an der Mediathéik vum opus.