De Concerto Copenhagen huet sech op déi historesch Opféierungspraxis spezialiséiert a spillt op historeschen Instrumenter. Och dem Orchester säin Dirigent, de Lars Ulrik Mortensen, widmet sech zënter gutt 20 Joer historeschen Interpretatiounsweisen. Hie war fréier selwer als Cembalist täteg, ënner anerem an den Ensembelen Collegium Musicum 90 oder London Baroque. D'Solistin um Fagott ass bei dësem Concert d'Australierin Jane Gowler. Si gehéiert zu de feste Membere vum Concerto Copenhagen.
Programm:
Joseph Haydn (1732-1909): Sinfonie Nr. 52 an Do mineur, Hob. I:52
Wolfgang Amadeus Mozart (1756-1791): Concerto fir Fagott an Orchester a Si bémol Majeur, KV 191
Carl Philipp Emmanuel Bach (1714-1788): Sinfonia Nr. 1 a Re Majeur, Wq. 183/1, H. 663
Wolfgang Amadeus Mozart (1756-1791): Sinfonie Nr. 29 a La Majeur, KV 201
Interpreten:
Jane Gowder, Fagott
Concerto Copenhagen
Lars Ulrik Mortensen, Direktioun
Dëse Concert gouf de 4. Juni 2025 am Kaisersaal vun der Residenz Würzburg um Mozart Festival opgeholl. D'Opnam ass hei um Site disponibel bis de 15. Dezember 2025.