Den Ofschloss vun dësem Concert markéiert dann dem Nikolai Rimsky-Korsakov seng Orchestersuite "Scheherazade", déi op den Erzielungen
aus "Dausend an enger Nuecht" baséiert. Dëst Wierk a 4 Sätz aus dem Joer 1888 kombinéiert esou zwee Elementer, déi typesch fir déi russesch Musek a virun allem déi vum Rimsky-Korsakov waren: eng ganz faarweg an opulent Orchestratioun an e groussen Interessi un de Kulturen aus dem Noen Osten.
Opgeholl gouf dëse Concert am Kader vum 41. Internationale Musikfest am Konzerthaus zu Wien an Dir kënnt en nach fir ee Mount an der Mediathéik vum Opus 100,7 nolauschteren.
Programm:
Anton Webern (1883-1945):
• Im Sommerwind
Camille Saint-Saëns (1835-1921):
• Cello Concerto Nr. 1 a La Mineur, op.33
Nikolai Rimsky-Korsakov (1844-1908):
• Scheherazade, op.35
Interpreten:
Sol Gabetta, Cello
Wiener Symphoniker
Lorenzo Viotti, Direktioun