Wéi kann een hautdesdaags nach ee Mënsch fir sech gewannen a muss een dofir wierklech e Romeo sinn oder ënner engem Balcon stoen?
Déi Fro hu sech d'Nelly Guignard, de Cesar Laporev, den Ilan Schneider an den Ilia Laporev och wärend engem Concert den 21. September an der Philharmonie gestallt. Um Programm vun dësem Concert, deen ënner dem Titel String Serenades stoung, ware Wierker vu Ludwig van Beethoven, Zoltan Kodaly An Hugo Wolf.
D'Opnam vun dësem Concert ass nach bis de 16. November disponibel, an der Opus Mediathéik op www.opus.radio an an der Opus App.
Programm:
• Ludwig van Beethoven: Sérénade op.8
• Zoltán Kodály: Sérénade pour deux violons et alto
• Hugo Wolf: Italienische Serenade
• Joseph Haydn: Andante Cantabile ‘Serenade’ (Streichquartett op.3/5) attribué à Roman Hoffstetter
Nelly Guignard, Cesar Laporev, violons
Ilan Schneider, Alto
Ilia Laporev, Cello
• Edward Elgar: Sérénade pour cordes en mi Mineur op.20
English Chamber Orchestra
Julian Lloyd Weber, Direktioun
• Wolfgang Amadeus Mozart : “Eine kleine Nachtmusik” Serenade Nr. 13 KV 525
Academy of St Martin in the Fields
Neville Marriner, Direktioun
• Lou Koster: Sérénade à Nina
Venant Arendt, Gesang
Jeannette Braun-Giampellegrini, Piano
• Ludwig van Beethoven: Sérénade pour Flute, alto et harpe
Bohemia Luxembourg Trio