"Das Requiem ist von sanftmütigem Charakter - so wie ich selbst“. Mat dësem Saz huet de Gabriel Fauré säi Requiem relativ gutt charakteriséiert. Anescht wéi beim Requiem vum Mozart oder vum Verdi ass an dësem Requiem kee Passage ze héieren, bei deem et ëm dat jéngste Geriicht oder den “Tag des Zornes“ geet. Am Géigendeel: de Fauré huet souguer eng Iwwerschrëft “In Paradisum“ benannt, wou den Doud éischter als eng Erléisung gezeechent soll ginn.
Programm:
Gabriel Fauré (1845-1924): Requiem a Re Mineur, op.48 (1888)
Interpreten:
Maria Gougousi, Sopran
Tassis Christoyannis, Bariton
ERT Chorus (Nektaria Palaitsou, Direktioun)
ERT National Symphony Orchestra
Michalis Economou, Direktioun
Duerch de Programm féiert d'Tanja Duprez.
Dëse Concert gouf de 27. November 2024 an der Megaron Concert Hall zu Athen opgeholl. D'Opnam ass bis den 2. Dezember 2025 disponibel an der opus Mediathéik op www.opus.radio an an der opus 100,7 App.