Den ORF Radio-Symphonieorchester, d'Wiener Singakademie, d'Sopranistin Nikola Hillebrand an d'Mezzosopranistin Sasha Cooke trieden ënner der Dirigentin Marin Alsop op. Um Programm steet passend zu Allerhellegen dem Gustav Mahler seng zweet Sinfonie, déi och ënner dem Numm "Auferstehungsymphonie" bekannt ass. Et ass Musek, déi sech vun engem Trauermarsch an eng triumphal Opersteeung verwandelt.
Programm:
Gustav Mahler (1860-1911): Sinfonie Nr. 2 an Do mineur "Auferstehungssymphonie"
Interpreten:
Nikola Hillebrand, Sopran
Sasha Cooke, Mezzo-Sopran
Wiener Singakademie
ORF Radio-Symphonieorchester Wien
Marin Alsop, Direktioun
Dëse Concert gouf den 22. Mee 2025 am Wiener Konzerthaus opgeholl. D'Opnam ass bis den 1. Dezember 2025 disponibel.