„Es ist viel schwerer einen schönen Walzer zu schreiben, als eine mittelmässige Sinfonie zu komponieren“, huet den däitsche Komponist Richard Strauss iwwer säin Namensvetter Johann Strauss gesot – genee wéi de Brahms an de Bruckner huet hien de Johann Strauss vill bewonnert a gelueft. De 25. Oktober 2025 wier de Johann Strauss 200 Joer al ginn, an an dëser Concertsemissioun kréie mir e klengen Abléck an dem „Walzerkinnek“ säin immens grousse Repertoire u Polkaen, Walzen an Operetten.
Zesumme mam ireschen RTE Concert Orchestra a mat sengem Dirigent, dem Stephen Bell, tauche mir an d’Wiener Romantik vum 19. Joerhonnert an. Um Programm sti nieft Wierker vum Johann Strauss awer och Kompositioune vu sengem Brudder, dem Josef Strauss, an dem Papp, Johann Strauss dem Eischten.
Presentéiert gëtt dëse Concert vum Tanja Duprez. Dir kënnt d’Emissioun nach bis de 26. November an der opus-Mediathéik online op opus.radio an och an ärer opus 100,7-App lauschteren.
Programm:
• Johann Strauss (II) – Einzugsmarsch aus der Operett “Der Zigeunerbaron”
• Johann Strauss (II) – Rosen aus dem Süden, op.388
• Johann Strauss (II) – Tritsch-Tratsch Polka, op. 214
• Josef Strauss – Die Libelle
• Johann Strauss (II), Josef Strauss – Pizzicato Polka
• Johann Strauss (II) – Egyptischer Marsch, op.335
• Johann Strauss (II) – Romanze Nr. 1 a Re mineur fir Cello an Harf
• Johann Strauss (II) – Kaiserwalzer
• Johann Strauss (I) – Radetzky Marsch, op.228
Interpreten:
• RTE Concert Orchestra
• Stephen Bell, Direktioun
• Martin Johnson, Cello
• Geraldine O’Doherty, Harf