Den Orchestre National des Jeunes du Luxembourg huet säi Summerconcert 2025 am ausverkaafte Mierscher Theater gespillt. Den opus 100,7 hat deen Optrëtt am Juli live iwwerdroen. Elo kënnt Dir dëse Moment hei am Concert nach eng Kéier erliewen.
Den invitéierte Solist um Cor ass de weltbekannten, däitsche Museker Felix Klieser. Hie gouf ouni Äerm gebuer a beherrscht d'Konscht vum Cor mat de Féiss.
Um Programm:
Ludwig van Beethoven (1770-1827): Ouverture aus "Fidelio"
Wolfgang Amadeus Mozart (1756-1791): Concerto fir Cor an Orchester Nr. 4 a Mi bémol Majeur
Gioachino Rossini (1792-1868): Le Rendez-vous de Chasse (Zugab)
Alfred Schnittke (1934-1998): MozArt à la Haydn
Ludwig van Beethoven (1770-1827): Sinfonie Nr. 7 a La Majeur, Op.92
Ludwig van Beethoven (1770-1827): Marsch aus "Fidelio" (Zugab)
Interpreten:
Felix Klieser, Cor
Orchestre National des Jeunes du Luxembourg
Pit Brosius, Direktioun
Dëse Concert gouf de 26.Juli 2025 am Mierscher Theater opgeholl. D'Opnam ass disponibel bis den 21.November 2025.