No der feierlecher Orchesterouverture vum Wolfgang Amadeus Mozart sengem Singspiel "Die Entführung aus dem Serail", dat am Joer 1782 um Wiener Burgtheater uropgefouert gouf, trëtt den éischte Pianisten-Duo mam Mozart sengem Piano Concerto Nr. 10 a Mi bémol Majeur fir zwee Pianoen an Orchester op d'Bün. Dëst Wierk aus dem Joer 1779 huet de Komponist fir seng Schwester "Nannerl" geschriwwen.
Aus enger ganz anerer Zäit kënnt dann den zweete Piano Concerto vum Owend: dem lettesche Komponist Georgs Pelecis säi Wierk fir zwee Pianoen an Orchester mam Numm "Tandem". Hie war ënner anerem Schüler vum sovietesche Komponist Aram Khachaturian. Et spillen hei e lettescht Zweiergespann aus Papp a Jong.
Den drëtten a leschte Concerto ass dann dee vum Francis Poulenc. Dëst Wierk gouf a nëmmen dräi Méint am Summer 1932 geschriwwen. Et ass stilistesch u ville verschiddene Komponisten ugeleent: Bach, Rachmaninoff, Mozart, Ravel an anerer.
Dëse Programm gëtt gespillt vun dräi verschiddene Pianos-Duoen: dem franséische Geister-Duo David Salmon a Manuel Vieillard, dem Papp a Jong Duo Andrejs a Sergejs Osokins, grad wéi de Pianistinnen Agnese Egliņa an
Elīna Bērtiņa.
Opgeholl gouf dëse Concert am Kader vum "Liepāja International Stars Festival" an der "Great Amber" Concert Hall am lettesche Liepāja an dir kënnt en nach fir ee Mount an der Mediathéik vum Opus 100,7 nolauschteren
Programm:
Wolfgang Amadeus Mozart (1756-1791):
• Ouverture aus "Die Entführung aus dem Serail"
• Piano Concerto Nr. 10 a Mi Bémol Majeur fir 2 Pianoen, K. 365
Georgs Pelecis (1947-):
• Concerto fir 2 Pianoen ("Tandem")
Francis Poulenc (1899-1963):
• Concerto fir 2 Pianoen a Ré Mineur, FP 61
Interpreten:
• David Salmon & Manuel Vieillard (Geister Duo)
• Sergejs Osokins & Andrejs Osokins, Piano
• Agnese Egliņa & Elīna Bērtiņa, Piano
• Liepāja Symphony Orchestra, Piano
• Guntis Kuzma, Direktioun