Dës Emissioun Nei Musek mam Remy Franck ass e Gebuertdagsconcert fir de Lëtzebuerger Komponist Georges Lentz, deen den 22. Oktober säi 60 Gebuertsdag feiert. Gespillt gëtt seng Musek, dorënner och säi Geieconcerto mat der Arabella Steinbacher, vum Sidney Symphony Orchestra, vum Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg an dem australeschen Ensemblel 24.
Programm:
Georges Lentz
- Concerto fir Gei an Orchester 'In ferne Himmel strahlen'
Arabella Steinbacher, Gei
Lëtzebuerger Philharmoniker, Gustavo Gimeno
- Ngangkar (Mysterium, Caeli enarrant 7)
- Guyuhmgan (Mysterium, Caeli enarrant 7)
Sidney Symphony Orchestra, Edo de Waart
- Caeli enarrant 4 fir Sträichquartett a 4 Cymbalen
- Caeli enarrant 3 fir 12 Sträicher, Percussioun a Bouwesopran
- Nguurraa (Mysterium, Caeli enarrant 7)
Ensemble 24, Matthew Coorey