De jonke japaneschen Dirigent a Pianist Kyohei Sorita erlieft een op der drëtter Mozart-Mantinée vun de Salzburger Festspiele an der duebler Roll als Solist an Dirigent. Hie leed de Mozarteumorchester Salzburg, den eelste Sinfonieorchester aus Éisträich, an engem Programm vu Sinfonie iwwer Oper bis zu Concerto.
Um Programm:
W. A. Mozart (1756-1791): Sinfonie Nr.32 a Sol Majeur, K318
W. A. Mozart (1756-1791): Piano Concerto Nr.9 “Jeunehomme”
W. A. Mozart (1756-1791): Ouverture aus “Le nozze di Figaro”
W. A. Mozart (1756-1791): Piano Concerto Nr.26 “Kréinungsconcerto”
Interpreten:
Kyohei Sorita, Piano an Direktioun
Mozarteumorchester Salzburg
Dëse Concert gouf de 17.August 2025 am grousse Sall vum Mozarteum zu Salburg opgeholl. D’Opnam ass nach bis den 18.November disponibel.