Maacht mat eis de Réckbléck vum Summerconcert vun de Lëtzebuerger Philharmoniker op der grousser Open-Air-Bün vun der Kinnekswiss an der Stad. D'Sängerinnen Joyce DiDonato an Chelsea Zurflüh loossen de Summer opliewen mat Extraiten aus bekannten Operen.
Um Programm stoungen Extraiten aus dem Georges Bizet senger Oper "Carmen", dem Wolfgang A. Mozart senger Oper "Le nozze di Figaro" an dem Leo Delibes senger Oper "Lakmé". Dëse Concert am Kader vum Festival Kinnekswiss loves... vun der Stad Lëtzebuerg war de leschten Optrëtt vum Gustavo Gimeno als Chefdirigent vun de Lëtzebuerger Philahrmoniker.
Programm:
Gioacchino Rossini (1792–1868):
Ouverture aus Guillaume Tell)
Cruda sorte aus L’Italiana in Algeri
Di tanti palpiti aus Tancredi
Ouverture aus Il barbiere di Siviglia
Wolfgang Amadeus Mozart (1756-1791):
Voi che sapete aus Le nozze di Figaro
Strider sento la procella aus Lucio Silla
Léo Delibes (1836-1891): Duo des fleurs Sous le dôme épais aus Lakmé
Emmanuel Chabrier (1841-1894): España
Pablo Luna (1879-1942): De España vengo aus El niño judío
Gerónimo Giménez (1854-1923): Me llaman la primorosa aus El barbero de Sevilla
Georges Bizet (1838-1875): Habanera L’amour est un oiseau rebelle aus Carmen
Leonard Bernstein (1918-1990): Ouvertur aus Candide
George Gershwin (1898-1937): By Strauss, Arrangement vum Russell Warner
Leonard Bernstein (1918-1990): Glitter and be gay aus Candide
Frederick Loewe (1901-1988): I Could Have Danced All Night aus My Fair Lady, Arrangement vum Johnny Green
Interpreten:
Chelsea Zurflüh, Sopran
Joyce DiDonato, Mezzosopran
Luxembourg Philharmonic
Gustavo Gimeno, Direktioun
Joyce DiDonato trëtt mat der frëndlecher Geneemegung vun Erato/Warner Classics op.