Friedrich de Grousse war net nëmmen de Kinnek vu Preisen, mee och en talentéierte Flüttist a Komponist. Lauschtert dëse Concert mat Kompositioune vum "Ale Fritz" a vu sengen Haffkomponisten: Carl Philipp Emmanuel Bach, Franz Beda oder och Johann Joachim Quantz.
Dëst ass ee Matschnëtt vum Concert vum 6. Juli 2025, deen den Opus 100,7 am Stater Concerservatoire opgeholl huet. Dee kënnt Dir bis de 4. November 2025 an eiser Mediathéik um www.opus.radio nolauschteren.
Programm
• Friedrich II (1712–1786): Sonat a Mi mineur fir Traverso an Cembalo
• Carl Philipp Emanuel Bach (1714–1788): Variatiounen iwwer “Ich schlief da träumte mir” fir Cembalo
• Carl Philipp Emanuel Bach (1714–1788): Sonat a Sol majeur, Wq. 133 fir Flütt a Basso continuo
• Johann Joachim Quantz (1697–1773): Trio an Do majeur, QV 2: Anh. 3 fir Blockflütt, Flütt a Basso continuo
• Johann Gottlieb Janitsch (1708–1763): Quartett a Sol mineur fir Flütt, Gei, Braatsch a Basso continuo
• Franz Benda (1709–1786): Concerto a Mi mineur fir Flütt, Straicher a Basso continuo
Interpreten:
• Carlo Jans, Querflütt
• Thomas Kügler, Blockflütt, Traverso
• Vania Lecuit, Gei
• Evelyne Marmann, Gei
• Ilan Schneider, Braatsch
• Stéphane Giampellegrini, Cello
• Darius Wisniewski, Kontrabass
• Anne Galowich, Cembalo