D'Deutsche Radiophilharmonie Saarbrücken/Kaiserslautern steet mam Gustav Rivinius op der Bün. De saarlänneschen Cellist spillt op dësem Matinéesconcert aus der Saarbrécker Congresshalle dem Roland Kunz säin "Amber-Concert". Et ass d'Première vum Wierk.
Och den Dirigent Michael Sanderling erlieft en Debut bei dësem Optrëtt. Et ass fir d'éischt, datt hien dem Mahler seng 7 Sinfonie ëffentlech dirigéiert.
Programm:
Roland Kunz (*1960): Amber-Concerto (Uropféierung)
Gustav Mahler (1860-1911): Sinfonie Nr. 7 a Mi mineur
Interpreten:
Gustav Rivinius, Cello
Deutsche Radiophilharmonie Saarbrücken/Kaiserslautern
Michael Sanderling, Direktioun
Dëse Concert gouf den 1. Juni 2025 an der Saarbrécker Congresshalle opgeholl.