E Komponist, deen u sech gär Matrous gi wier, en dänzerescht Wierk, bei deem et am Fong ëm en Doudegraf geet an e Starflüttist, dee sech als “musikalesche Chameleon” bezeechent. Fir dëse Concert presentéiert den ungaresche Radio Symphony Orchestra ënner der Leedung vum János Kovács e puer Bijouen aus dem franséischer Fin de siècle.
Ënner den Haaptfigure vum franséischen Impressionismus kënnt een net laanscht Debussy a Ravel. Mat hire Klangbiller schafe si Atmosphären, déi ee séier dreeme loossen, an déi wäit ewech si vun de Formen a Strukture, déi een aus der Wiener Klassik gewinnt ass.
Am Mëttelpunkt vun dësem Concert steet awer de Concerto fir Flütt vum Jacques Ibert, gespillt vum Emmanuel Pahud. Iwwerhaapt huet d’Flütt duerch de franséischen Impressionismus eng ganz nei klanglech Plaz a Bün am Orchester kritt. De Schwäizer Emmanuel Pahud ass en international renomméierte Flüttist, dee scho mat 22 Joer bei d’Berliner Philharmoniker koum, a sech elo, iwwer 30 Joer méi spéit, och als Kammermuseker a Solist en Numm gemaach huet.
Presentéiert gëtt dëse Concert vum Tanja Duprez. Dir kënnt d’Opnam nach bis den 29. Oktober hei an der Mediathéik lauschteren.
Programm
• Maurice Ravel (1875-1937): Le Tombeau de Couperin
• Jacques Ibert (1890-1962): Flute Concerto
• Claude Debussy (1862-1918): Jeux, L.126, La Mer L.109
Interpreten:
• Emmanuel Pahud, Flütt
• Hungarian Radio Symphony Orchestra
• János Kovács, Direktioun