De Rundfunksinfonieorchester vum Hessische Rundfunk ënner der Leedung vum Ivor Bolton erënnert un d'Joren, an deene London als Museksmetropol fir d'éischt international Moossstief gesat huet. Och de jonke Mozart huet do seng Virbiller fonnt, virun allem an der Musek vum Johann Christian Bach, och “Londoner Bach” genannt, esou wéi an de Londoner Sinfonië vum Joseph Haydn. De Mozart ass deemools selwer nach zu Salzburg agestallt, gëtt awer scho laang op anere Plaze gefeiert. An dat och als Geievirtuos vu sengem bekannte Geieconcerto a La majeur KV 219, deen och um Programm vun dësem Concert steet.
Programm:
Johann Christian Bach: 6. Sinfonie a Mi bémol majeur op.6
Wolfgang Amadeus Mozart: 4. Geieconcerto a la majeur KV 219
Nicola Matteis: Fantasie
Joseph Haydn: 103. Sinfonie a Mi bémol majeur “mit dem Paukenwirbel”
Johann Christian Bach: Ballettmusik aus Amadis des Gaules
Interpreten:
Noa Wildschut, Gei
The Hanover Band
Rundfunksinfonieorchester des Hessischen Rundfunks Frankfurt
Ltg. Ivor Bolton, Direktioun