Dräi Museker:innen op der Bün am Stater Conservatoire a véier Komponisten um Programm. Een däitsche Komponist, dee 35 Joer laang Direkter vum Gewandhausorchester zu Leipzeg war an och Professer um Conservatoire zu Leipzig. Ee russesche Komponist aus dem 20. Joerhonnert, deen ënner anerem Filmmusek an Opere geschriwwen huet. Ee weideren aus Däitschland, deem säi Wierk hei genee wéi de Motto vum Concert ass: "Gestillte Sehnsucht". De leschte Komponist op der Affiche kënnt aus Frankräich an ass bekannt fir seng neoklassesch Musek.
Dir kënnt dëse Concert nach bis den 28. Oktober op www.opus.radio nolauschteren.
Programm:
- Carl Reinecke (1824-1910): Trio a La Majeur op.264 fir Piano, Klarinett a Braatsch (1904)
- Dmitri Schostakowitsch (1906-1975)/ Arrangement Levon Atovmyan (1901-1973): Five Pieces (1970)
- Johannes Brahms (1833-1897): Gestillte Sehnsucht, Extrait aus den Zwei Gesänge, op.91
- Jean Françaix (1912-1997): Trio fir Klarinett, Braatsch a Piano (1990)
Interpreten:
- Ilan Schneider, Braatsch
- Katrin Reifenrath, Piano
- Simone Weber, Klarinett