D'Haaptwierk an dëser Emissioun Nei Musek mam Remy Franck ass dem Béla Bartók säi Concerto fir Orchester, eng Optragskompositioun fir de Serge Koussevitzky a säi Boston Symphony Orchestra aus dem Joer 1943. Dëst Wierk steet um Programm vun dësem Concert mam Prager RSO ënner dem Petr Popelka, opgeholl am Rudolfinum zu Prag. De Concert geet u mat “S-C-S” vum tschechesche Komponist Jiří Kadeřábek, an da spillt de Pianosduo Lucas an Arthur Jussen de Concerto fir 2 Pianoe vum Francis Poulenc.
Programm:
Jiří Kadeřábek (1978): S-C-S
Francis Poulenc (1899-1963): Concerto fir 2 Pianoen a Ré Mineur, FP 61
Igor Roma (1969): Strausseinander fir zwee Pianoen
Béla Bartók (1881-1945): Concerto fir Orchester, Sz. 116
Interpreten:
Lucas Jussen, Piano
Arthur Jussen, Piano
Radiosymphonieorchester Prag
Petr Popelka, Direktioun