Beim Festival du Piano Ravel+ stoung net just de Ravel am Mëttelpunkt. Déi lëtzebuergesch Pianistin Cathy Krier huet e raffinéierte Programm presentéiert, dee franséisch Musek a senger ganzer stilistescher Diversitéit gewisen huet. An dat mat Wierker vu Komponisten, déi virum Ravel gewierkt hunn, seng musekalesch Zäit mat him gedeelt hunn oder nom Ravel weidergeschriwwen hunn, op hir ganz eege Manéier.
Dëse Concert gouf den 1. Februar 2025 um Festival du Piano Ravel+ am CAPE opgeholl. D'Opnam ass nach bis den 21. Oktober 2025 disponibel fir gelauschtert ze ginn.
Programm
Jean-Philippe Rameau (1683-1764): Nouvelles Suites de Pièces de Clavecin, Suite en la, RCT 5: VII. Gavotte et Six Doubles
Gabriel Fauré (1845-1924): 9 préludes op.103
Maurice Ravel (1875-1937): Gaspard de la nuit, M.55
Henri Dutilleux (1916-2013): Sonate pour piano
Interpreten
Cathy Krier, Piano