Déi zwee international bekanntsten Nimm vu brittesche Komponiste ginn op engem Concert zesummebruecht. Den Elgar ass bekannt als grousse Sinfoniker, deen aus engem Orchester de Kontrast vu Melancholie a Feierlechkeet erauszaubert. De Benjamin Britten huet sech éischter als Vertrieder vun der Moderne en Numm gemaach. Erstaunlech ass allerdéngs, datt souwuel de Pianosconcerto vum Britten, wéi och dem Elgar seng Sinfonien, net dacks op Concertsprogrammen optauchen. D’Deutsche Radiophilharmonie erméiglecht dofir mat dësem Repertoire en Erliefnes vu grousse Wierker, déi sécherlech net genuch beuecht ginn. Mat op der Bün sinn de schottesche Pianist Steven Osborne an den däneschen Dirigent Michael Schønwandt.
Programm:
Benjamin Britten (1913-1976): Pianosconcerto, op.13
Edward Elgar (1857-1934): Sinfonie Nr. 1 a La bémol Majeur, op.55
Interpreten:
Steven Osborne, Piano
Deutsche Radiophilharmonie Saarbrücken/Kaiserslautern
Michael Schønwandt, Direktioun
Dëse Concert gouf de 27. Abrëll 2025 an der Congresshalle zu Saarbrécken opgeholl.