Ee Concert deen aus 100 Prozent Ravel besteet? Dee gouf et dëst Joer um Internationale Piano Festival vu La Roque d'Anthéron an der Provence. Op der grousser Bün stoungen do net nëmmen de Philharmoneschen Orchester vun Nice an den Dirigent Lionel Bringuier, mee och ee grousse Pianist. Dat ass de Bertrand Chamayou. Hie selwer verstoppt och net seng Passioun fir de Ravel an ass ënner anerem President an artisteschen Direkter vum Ravel-Festival. Dëse Concert passt och perfekt an d'Joer 2025, well dëst Joer gëtt den 150. Gebuertsdag vum grousse franséische Komponist gefeiert. Ee gudde Grond, méi vun him ze entdecke wéi nëmme säi “Boléro” a säi Ballet "Daphnis et Chloé".
Programm:
- Maurice Ravel (1875-1937): Concerto fir Piano a Sol Majeur
- Maurice Ravel: Concerto fir Piano fir déi lénk Hand a Rée Majeur
- Maurice Ravel: Trois beaux oiseaux du paradis (Zugab vum Bertrand Chamayou)
- Maurice Ravel: Jeux d'eau, M. 30 (Zugab vum Bertrand Chamayou)
- Maurice Ravel: Boléro
- Modest Mussorgsky (1839-1881): Das große Tor von Kiew, aus "Bilder einer Ausstellung" (Zugab vum Orchester)
Interpreten:
- Bertrand Chamayou, Piano
- Nice Philharmonic Orchestra
- Lionel Bringuier, Direktioun
Dësen Openair-Concert gouf den 30. Juli 2025 um Internationale Piano Festival 2025 zu La Roque d'Anthéron an der Provence opgeholl. D'Opnam ass bis de 17. September 2025 disponibel fir nogelauschtert ze ginn.