Déi 4 Joreszäiten: Dat wuel bekanntste Wierk vum Antonio Vivaldi feiert 300 Joer. Fir dat ze feiere spillt de European Union Baroque Orchestra genee dëst Wierk. Dat ganzt ënner der Leedung vum Shunske Sato, deen och gläichzäiteg de Solist op der Gei ass.
Déi 4 Joreszäite sinn ee vun de bekanntste Vertrieder vun der sougenannter Programmmusek, also Musek, déi eng bestëmmte Saach musekalesch duerstellt.
Dëse Concert gouf de 15. Juni 2025 am Kader vun de Musikfestspiele Potsdam Sanssouci opgeholl. Dir kënnt de Concert nach bis den 3. September 2025 an der Mediathéik vum opus 100,7 nolauschteren.
Programm:
Jean-Féry Rebel (1666-1747): Les Elémens
Antonio Vivaldi (1678-1741): Concerto fir Gei Nr. 1 a Mi, RV 269 "D'Fréijoer", aus “Déi 4 Joreszäiten” op. 8
Antonio Vivaldi: Concerto fir Gei Nr. 2 a Sol Mineur, RV 315 "De Summer", aus “Déi 4 Joreszäiten” op. 8
Georg Philipp Telemann (1681-1767): Ouvertürsuite an Do, TWV 55: C3 "Hamburger Ebb' und Fluth" (Waassermusek)
Antonio Vivaldi: Concerto fir Gei Nr. 3 a Fa, RV 293 "Den Hierscht", aus “Déi 4 Joreszäiten” op. 8
Antonio Vivaldi: Concerto fir Gei Nr. 4 a Fa Mineur, RV 297 "De Wanter", aus “Déi 4 Joreszäiten” op. 8
Interpreten:
European Union Baroque Orchestra
Shunske Sato, Direktioun / Gei