arrow_back_ios

Concert

100komma7.lu / Concert

/ J.S. Bach: Integral vun de Brandenburgischen Konzerten

J.S. Bach: Integral vun de Brandenburgischen Konzerten

play_disabled

D'Brandenburgische Konzerte goufen ënner dem einfachen Titel “Six Concerts avec plusieurs Instruments” vum J.S Bach komponéiert an eréischt 1849 erëmentdeckt.

An dësem Concert Euroradio gi se integral vum Schwäizer Blockflüttist an Dirigent Maurice Steger, zesumme mam Sinfonieorchester vum hessischen Rundfunk opgeféiert.


Dëse Concert kënnt Dir bis de 27. August 2025 an eiser Mediathéik um www.opus.radio nolauschteren.


Programm an Interpreten:

Johann Sebastian Bach (1685-1750):

• Brandenburgisches Konzert Nr. 1 a Fa Majeur, BWV 1046 fir 2 Coren, 3 Hautboisen, Fagott, Violino piccolo, Sträicher a Basso continuo

Ulrich Edelmann: Violino piccolo

Nicolas Cock-Vassiliou, Mireia Góngora Moral, Doğa Saçılık: Hautboisen

Theo Plath: Fagott

Kristian Katzenberger, Charles Petit: Coren

• Brandenburgisches Konzert Nr. 3 a Sol Majeur, BWV 1048 fir 3 Geien, 3 Braatschen, 3 Celloen a Basso continuo

Florin Iliescu, Stefano Succi, Artur Podlesniy: Geien

Anton Spronk, Valentin Scharff, Ulrich Horn: Cello

Christian Braica: Kontrabass

Theo Plath: Fagott

Sebastian Wienand: Cembalo

• Brandenburgisches Konzert Nr. 2 Fa Majeur, BWV 1047 fir Trompett, Blockflütt, Hautbois, Gei, Sträicher a Basso continuo

Neil Brough: Trompett

Maurice Steger: Blockflütt

Nicolas Cock-Vassiliou: Hautbois

Florin Iliescu: Gei

• Brandenburgisches Konzert Nr. 5 Ré majeur, BWV 1050, fir Flütt, Gei, Cembalo, Sträicher a Basso continuo

Sebastian Wittiber: Flütt

Ulrich Edelmann: Gei

Sebastian Wienand: Cembalo

• Brandenburgisches Konzert Nr. 6 Si bémol majeur, BWV 1051 fir 2 Braatschen, Cello, 2 Gamben, Violone a Cembalo

Liisa Randalu, Dirk Niewöhner: Braatsch

Anton Spronk: Cello

Friederike Heumann, Rebeka Rusó: Gamben

Kai von Goetze: Kontrabass (Violone)

Sebastian Wienand: Cembalo

• Brandenburgisches Konzert Nr. 4 sol majeur, BWV 1049 fir Gei, 2 Blockflütten, Sträicher a Basso continuo

Florin Iliescu: Gei

Maurice Steger, Paula Pinn: Blockflütten

hr-Sinfonieorchester

Maurice Steger: Direktioun, Blockflütt

mic_none

Presentéiert vum

Episoden

The Dream of Gerontius vum Edward Elgar

De Cristian Măcelaru dirigéiert eent vun de Meeschterwierker vum Edward Elgar, säi Vokalwierk "The Dream of Gerontius", an der Kölner Philharmonie.

Dräi jonk Museker um Buerglënster Festival

De Lëtzebuerger Cellist Benjamin Kruithof trëtt mat zwee Frënn op: mam Pianist Marco Sanna a mam Geiist Ruslan Talas

Kammerata Luxembourg am Veianer Schlass

"Ernstes Spiel - gespielter Ernst” ass de Motto vum Ofschlossconcert vun de MusicDays Vianden 2025.

Dem Bach seng Meeschterwierker

De Raphael Pichon mécht säin Debut mat de Berliner Philharmoniker a presentéiert ënner anerem d'Mass a Si bémol Mineur vum J.S. Bach.

D'Lëtzebuerger Philharmoniker bei de Rainy Days 2025

"The orchestra: a body of sound", den Orchester als Klangkierper, dat war de Motto vun engem Concert vun de Lëtzebuerger Philharmoniker bei de Rainy Days 2025.

Rencontre musicale

An der Concertsbeschreiwung gouf scho kloer: dëse Concert ass eng Raritéit. An dat geet schonn aus der Besetzung selwer ervir: Harf mat Blechbléiser.

Fokus op dem Verdi säi Requiem

Ronn 90 Minutte Musek als Undenken un den italieeneschen Auteur Alessandro Manzoni, oder awer un den Gioacchino Rossini?

Galaconcert vum Geza Anda Concours

Galaconcert vum Geza Anda Piano Concours an der Tonhalle vun Zürich mat de Gewënner Mihály Berecz, Dmitry Yudin an Ilya Shmukler.

Romantesch Empfindlechkeet

Eng Formatioun vun de Lëtzebuerger Philharmoniker hëlt Iech mat an d'Klangwelt vum Anatoli Liadov, der Tatsiana Zelianko an August Klughardt. Ländlech, imaginär a ganz zougänglech.

Aus Nördlichen Gefilden

Stiermesch Melodien, lëfteg Klangfaarwen a räich Harmonien

Bach meets Jazz mam Brad Mehldau

Jiddereen ass e Fan vum Bach: de Strawinsky, Webern an och ... d'Jazz Musekerinnen a Museker.
play_disabled

Fusioun vu Vollekslidder a Klassik

Den Norwegesche Radiosorchester spillt ënnert der Leedung vum Petr Popelka an dem Ingar Bergby Wierker vum Mozart, Dvořák a Ligeti.
play_disabled

I got rhythm

Gershwin, Bernstein, Copland a vill aner amerikanesch Komponisten
play_disabled

Chouermusek vu Monument bis Raritéit

Direkt zwee Anniversairë feiert de Mechelschouer dës Saison ; 175 Joer Chorale Saint Michel a 65 Joer mam Gerry Welter als Dirigent. Dat mat Wierker vu Schumann a Bach op hirem tra
play_disabled

E romantesche Potpourri mam Lang Lang

De Starpianist Lang Lang an d'Düsseldorfer Symphoniker mat engem Programm vu Mendelssohn bis Dvorák.
play_disabled

Mozart Forever - E Stéck Wien zu Bukarest

Fir d’Ouverture vum Magic Summer International Festival spillt de rumänesche Camerate regală e puer vum Mozart senge bekanntste Wierker.
play_disabled

Jonke Lëtzebuerger Quartett

De Yanis Grisó, d'Cathy Heidt, d'Sophie Urhausen an de Matis Grisó spillen hiren éischte gemeinsame Kammermusekconcert an der Philharmonie.
play_disabled
Wagner’s Legacy | © Casa da Música/João Messias

Wagner’s Legacy

De Leopold Hager, dee 15 Joer Chefdirigent vum RTL Orchester war, feiert säin 90. Gebuertsdag mat de Lëtzebuerger Philharmoniker.
play_disabled

Staark Fraen am Livematschnëtt vu Stockholm

D'Geiistin Isabelle Faust am Alban Berg sengem Geieconcerto an déi bekanntesten däitsch Sinfonikerin, d'Emilie Mayer
play_disabled

Zweete Pianosconcerto vun der Albena Petrovic

Bulgaresch Musek aus dem 20. an 21. Joerhonnert mam Bulgareschen Nationale Radio-Symphonieorchester
play_disabled