De Carlos Ferreira ass net nëmmen zënter Kand un ee passionéierte Museker, dee mat 5 Joer u sech een anert Instrument léiere wollt, wéi dat, wat hien haut professionell spillt. Hien ass dëst Joer och ee vun den ECHO Rising Stars, deen domat op deene gréisste Bünen a Concertshaiser duerch Europa toure kann.
Am Mee 2025 war hie fir ee Concert als Rising Star an der Philharmonie um Kierchbierg, wou hien zesumme mam Pianist Pedro Emanuel Pereira gespillt huet.
De Programm, dee sech de jonke Klarinettist fir seng Tournée erausgepickt huet, spaant ee grousse Bou vun der Spéitromantik bis hin zur zäitgenëssescher Musek.
De Concert mam Commentairë vum Lex Kauffmann kënnt Dir nach bis den 20. Juli 2025 an der Mediathéik vum opus 100,7 nolauschteren.
Programm:
Johannes Brahms (1833-1897)
Sonat fir Klarinett a Piano a Mib Majeur op.120
Robert Schumann (1810-1856)
Fantasiestécker op.73 fir Klarinett a Piano
Claude Debussy (1862-1918)
Première Rhapsodie fir Klarinett a Piano
Lanqing Ding (1990)
La Lune, l'ombre et moi
Pedro Emanuel Pereira (1990)
Suite "Duas Igrejas" op.7 fir Klarinett a Piano
Interpreten
Carlos Ferreira, Klarinett
Pedro Emanuel Pereira, Piano