Lëtzebuerger Komponisten, déi an Australie liewen, där ginn et der net vill. De Georges Lentz ass 1990 op Sydney geplënnert an huet eng grouss Passioun fir déi australesch Wüst, an där hien och vill Inspiratioun fënnt fir seng Kompositiounen. Schonn deemools hat hien ee Zyklus mam Titel "Caeli enarrant..." (Die Himmel erzählen) ugefaangen an all nei Kompositioun zanterhier ass fir hien en Deel vun dëser Rei. Bei dësem Concert héiere mir säi Wierk "Monh" fir Braatsch, Orchester an Electronics. Op der Bün an der Philharmonie stinn dofir net nëmmen d'Lëtzebuerger Philharmoniker an de Gustavo Gimeno, mee och déi weltberüümt Braatschistin Tabea Zimmermann. Fir si huet de Georges Lentz "Monh" och komponéiert.
Programm:
- Georges Lentz (1965): Monh aus “Mysterium” (“Caeli enarrant...” 7) fir Braatsch, Orchester an Electronics
- Anton Bruckner (1824-1896): Sinfonie Nr. 6
Interpreten:
- Tabea Zimmermann, Braatsch
- Luxembourg Philharmonic
- Gustavo Gimeno, Direktioun
Dëse Concert, presentéiert vum Marie Schockmel, kënnt Dir bis de 16. Juli 2025 an der opus-Mediathéik lauschteren.