Kënnen zwee Komponisten, déi sech ni kennegeléiert hunn, trotzdeem mateneen an d’Gespréich kommen? Mir héieren hei Wierker vum Wolfgang Amadeus Mozart a Max Reger - zwee Komponisten, tëschent deenen e richtegt Gespréich wuel éischter onméiglech gewiescht wier. Net nëmmen trennen si bal honnert Joer Zäit, mee si stinn och fir zwou komplett verschidde museksgeschichtlech Welten.
De Mozart - Kand vum 18. Joerhonnert, gebuer an der Zäit vum Rokoko a vun de grousse Palaisen, inkarnéiert d’Klassik: Balance, Kloerheet, Struktur. De Reger dogéint lieft am fréien 20. Joerhonnert, tëschent der Romantik an der Moderne. Seng Musek ass meeschtens zimmlech komplex, reflektéiert a gefëllt mat Referenzen - un de Bach, un de Brahms an un déi ganz däitsch Traditioun. An trotzdeem gëtt et eng ganz Rei musikalesch Verbindungen an der Aarbecht vu béide Komponisten, déi an dësem Concert openeentreffen.
Programm:
- Max Reger (1873-1916): Sträichtrio a Re Mineur, op.141b
- Wolfgang Amadeus Mozart (1756-1791): Sträichquintett an Do Mineur Nr. 2 KV 406/516b
- Max Reger (1873-1916): Klarinettequintett a La Majeur op.146
Interpreten:
- Max Mausen, Klarinett
- Sandrine Cantoreggi, Gei
- Pascal Monlong, Gei
- Susanne Martens, Braatsch
- Javier Martín de la Torre, Braatsch
- Gustav Rivinius, Cello
Dëse Matschnëtt vum 15. Mee aus dem CAPE, presentéiert vum Tanja Duprez, ass nach bis de 5. August an der opus-Mediathéik ze fannen.