Fir déi eng ass hien hien en Enfant terrible, deen net auszestoen ass, fir déi aner en absolut geniale Pianist a Komponist - de Fazıl Say. Bei engem Recital zu Salzburg spillt dee vun Ankara gebiertege Pianist d'Goldberg Variatoune vum Bach, d'Fantasie K 387 vum Mozart a seng eege Pianossonat “Neit Liewen”. Derbäi kënnt och nach säin zweete Geieconcerto mam Friedemann Eichhorn ënner de Leedung vum Christoph Eschenbach.
Programm:
- Johann Sebastian Bach: Goldberg Variatiounen, BWV 988
- Wolfgang Amadeus Mozart (1756-1791): Fantasie a Ré Mineur, K. 397
- Fazıl Say (1970): Piano Sonat, op. 99 ('Yeni Hayat')
- Wolfgang Amadeus Mozart: Piano Sonat Nr. 11 a La , K. 331' (Auszich)
- Fazıl Say: Geieconcerto Nr. 2, op.87
Interpreten:
- Fazıl Say, Piano
- Friedemann Eichhorn, Gei
- Konzerthausorchester Berlin
- Christoph Eschenbach, Direktioun
Dëse Concert, presentéiert vum Remy Franck, kënnt Dir bis den 30. Juli an der opus-Mediathéik lauschteren.