D'Elbphilharmonie zu Hamburg, och bekannt ënner dem Spëtznumm Elphi, huet 2017 hir Dieren opgemaach. Et ass net nëmmen ee Concertssall, mee direkt e puer an alleguer mat aneren impressionanten Tounqualitéiten. Dëse Concert gouf am Juni 2024 am renomméierte Concertshaus op der Hamburger Hallefinsel opgeholl.
Um Programm steet ënner anerem den Dvořák, dee bis haut wuel bekanntsten tschechesche Komponist. Den NDR Elbphilharmonie Orchestra spillt seng 9. Sinfonie, déi ënner dem Numm "Aus der Neuen Welt" weltberüümt ass. Een aneren Highlight ass den drëtte Concerto fir Gei vum Mozart, bei deem de griichesche Geiist Leonidas Kavakos de grousse Solist ass.
Dëse Concert, presentéiert vum Jeremy Ney, kennt Dir bis de 29. Juli 2025 an der opus-Mediathéik lauschteren.
Programm:
- Bedřich Smetana (1824-1884): Vyšehrad, aus ''Má vlast'' (Mein Vaterland)
- Wolfgang Amadeus Mozart (1756-1791): Concerto fir Gei Nr. 3 a Sol Majeur, K. 216
- Antonín Dvořák (1841-1904): Sinfonie Nr. 9 a Mi Mineur, op.95 ("Aus der Neuen Welt")
Interpreten:
- Leonidas Kavakos, Gei
- NDR Elbphilharmonie Orchestra
- Alan Gilbert, Direktioun