D'Lëtzebuerger Philharmoniker trieden ënner der Leedung vum Gustavo Gimeno wärend dem Beethoven-Festival an der Nationalphilharmonie zu Warschau op. Um Programm steet dem Beethoven seng Coriolan-Ouvertür an déi 4. Sinfonie, déi scho wärend dem Beethoven senger Liefzäit ee vu senge beléiftste Wierker war. Donieft ass och nach de Pianosconcerto vun der Clara Schumann ze héieren, gespillt vun der italieenescher Pianistin Beatrice Rana.
Programm:
Ludwig van Beethoven (1770-1827): Coriolan, op. 62, Ouvertüre
Clara Schumann (1819-1896): Concerto fir Piano a La Mineur, op.7
Ludwig van Beethoven (1770-1827): Sinfonie Nr. 4 a Si bémol Majeur, op.60
Interpreten:
Beatrice Rana, Piano
Luxembourg Philharmonic
Gustavo Gimeno, Direktioun