Dëse musikalesche Rendez-vous féiert eis vun der amerikanescher Ostküst direkt an d’Häerz vum lëtzebuergesche Minett. Mëtt 20. Joerhonnert huet déi amerikanesch Musek sech nei erfonnt. D’Proffen aus dem Escher Conservatoire presentéieren e Programm, an deem sech eng spannend Mëschung vun Oper, Musical, klassescher Musek a Rhythmus-Kultur erëmfënnt, dat Ganzt aus der Fieder vu groussen amerikanesche Komponiste wéi dem Leonard Bernstein an dem George Gershwin.
Ursprünglech fir grouss Ensembelen an Orchesterbesetzung geschriwwen, ginn hei Arrangementer fir Quintett mat Piano, Perkussioun a Chant presentéiert. Dëse Matschnëtt vum 26. Abrëll ass nach bis de 9. Juli an der Mediathéik vum Radio Opus a vum 100,7 ze fannen.
- Leonard Bernstein (1918-1990) /arr. John Musto
Symphonic Dances aus “West Side Story” fir 2 Pianoen a Perkussioun
- Gian Carlo Menotti (1911-2007) / arr. Romain Zante
Monica’s Waltz aus “The Medium”
- Leonard Bernstein(1918-1990) / arr. Romain Zante
Glitter and be Gay aus “Candide”
- George Gershwin (1898-1938)
Cuban Ouverture fir Piano zu 4 Hänn a Perkussioun
Interpreten
- Lina Druart a Lynn Orazi, Piano
- Serge Kettenmeyer an Eric Larrea, Perkussioun
- Claudia Moulin, Gesang