Dëst ass e Matschnett vum Concert vum 31. August 2024, deen d’Radiotelevisione Svizzera, kuerz RSI an der Kierch vum Collegio Pappio zu Ascona, am Kader vun der 80. Editioun vun de Musekswochen opgeholl huet. An dee Concert kënnt Dir bis de 24. Juni um opus.radio nolauschteren.
Programm:
Franz Schubert (1797–1828): Quintett fir Sträicher an Do majeur, op. 163
Johannes Brahms (1833–1897): Quintett fir Piano a Sträicher a Fa mineur, op. 34
Interpreten:
Melina Mandozzi & Daria Zappa, Gei
Ivan Vukcevic, Braatsch
Orfeo Mandozzi & Mattia Zappa, Cello
Francesco Piemontesi, Piano