Very British - zwee grouss Wierker aus der brittescher Orchesterliteratur stinn um Programm vum MDR-Runfunksorchester. Dem Edward Elgar seng "Enigma-Variatiounen", wéi och den Celloconcerto vum William Walton: eent vun de lyreschsten "romanteschen" Wierker aus dem 20. Joerhonnert. Solist ass bei dësem Concert de jonken international gefeierten Cellist Julian Steckel, deem seng Karriär am Saarland ugefaangen huet. Deemools als Meeschterschüler vun der Hochschule für Musik Saar.
Mat op der Affiche steet och d'Éischtopféierung "Tupaia", e musikaleschen Hommage un d'Musekskultur vun der Inselregioun Polynesien. Komponéiert gouf dëst Wierk vun der Neiséilännerin Salina Fisher. D'Leedung iwwerhëlt déi chineesesch Dirigentin Tanyi Lu, déi um Ufank vun hirer internationaler Karriär mat groussen europäeschen Orchestere steet.
Programm
Salina Fisher (1993): Tupaia
William Walton (1902-1983): Concert fir Cello an Orchester
Edward Elgar (1857-1934): Enigma Variatiounen
Interpreten
Julian Steckel, Cellist
MDR Rundfunkorchester
Tanyi Lu, Dirigentin