D'Wierk "Carnaval des Animaux" hu mir enger Aluedung bei Kolleegen ze verdanken. Fir dëst Fest huet de Saint-Saëns säi kuriéiste Wierk geschriwwen. Aus dëser musikalescher Laun ass duerno séier e Klassiker aus dem Kammermusek-Repertoire ginn.
Dem Saint-Saëns sengem "Carnaval des Animaux" huet de katalanesche Komponist Albert Guinovert elo e Pendant mat där selwechter Besetzung géigeniwwer gestallt: "Le Cortège des Animaux". Hei stolzéiere verschidden Déierenzorten an engem Cortège laanscht, wéi zum Beispill Schlaangen, Hinger, e Karussellpäerd an esouguer en Ochs an en Iesel an enger Krëppchen.
Nieft dësen zwee Wierker sinn och nach zwee Kammermusek-Wierker vum Francis Poulenc ze héieren.
Dëse Concert gouf den 21. Juli um Pau Casals International Music Festival opgeholl ginn. Dir kënnt de Concert bis de 26. Mäerz 2025 an der Mediathéik vum opus 100,7 nolauschteren.
Programm:
Francis Poulenc (1899-1963): Sonat fir Klarinett, FP 184
Camille Saint-Saëns (1835-1921): Le Carnaval des animaux
Francis Poulenc (1899-1963): Sonat fir Flütt, FP 164
Albert Guinovart (*1962) Le Cortège des animaux
Interpreten:
Paul Mayer, Klarinett
Magall Mosnier, Flütt
Patricia Cordero an Maria Tió, Gei
Ferran Bardolet, Cello
Jorge Toledo, Kontrabass
Eric le Sage an Albert Guinovart, Piano
arrow_back_ios
Concert
Musique pour faire plaisir
play_disabled
mic_none
Presentéiert vum
- Joachim Fontaine
Episoden
The Dream of Gerontius vum Edward Elgar
De Cristian Măcelaru dirigéiert eent vun de Meeschterwierker vum Edward Elgar, säi Vokalwierk "The Dream of Gerontius", an der Kölner Philharmonie.
Dräi jonk Museker um Buerglënster Festival
De Lëtzebuerger Cellist Benjamin Kruithof trëtt mat zwee Frënn op: mam Pianist Marco Sanna a mam Geiist Ruslan Talas
Kammerata Luxembourg am Veianer Schlass
"Ernstes Spiel - gespielter Ernst” ass de Motto vum Ofschlossconcert vun de MusicDays Vianden 2025.
Dem Bach seng Meeschterwierker
De Raphael Pichon mécht säin Debut mat de Berliner Philharmoniker a presentéiert ënner anerem d'Mass a Si bémol Mineur vum J.S. Bach.
D'Lëtzebuerger Philharmoniker bei de Rainy Days 2025
"The orchestra: a body of sound", den Orchester als Klangkierper, dat war de Motto vun engem Concert vun de Lëtzebuerger Philharmoniker bei de Rainy Days 2025.
Rencontre musicale
An der Concertsbeschreiwung gouf scho kloer: dëse Concert ass eng Raritéit. An dat geet schonn aus der Besetzung selwer ervir: Harf mat Blechbléiser.
Fokus op dem Verdi säi Requiem
Ronn 90 Minutte Musek als Undenken un den italieeneschen Auteur Alessandro Manzoni, oder awer un den Gioacchino Rossini?
Galaconcert vum Geza Anda Concours
Galaconcert vum Geza Anda Piano Concours an der Tonhalle vun Zürich mat de Gewënner Mihály Berecz, Dmitry Yudin an Ilya Shmukler.
Romantesch Empfindlechkeet
Eng Formatioun vun de Lëtzebuerger Philharmoniker hëlt Iech mat an d'Klangwelt vum Anatoli Liadov, der Tatsiana Zelianko an August Klughardt. Ländlech, imaginär a ganz zougänglech.
Aus Nördlichen Gefilden
Stiermesch Melodien, lëfteg Klangfaarwen a räich Harmonien
Bach meets Jazz mam Brad Mehldau
Jiddereen ass e Fan vum Bach: de Strawinsky, Webern an och ... d'Jazz Musekerinnen a Museker.
Fusioun vu Vollekslidder a Klassik
Den Norwegesche Radiosorchester spillt ënnert der Leedung vum Petr Popelka an dem Ingar Bergby Wierker vum Mozart, Dvořák a Ligeti.
I got rhythm
Gershwin, Bernstein, Copland a vill aner amerikanesch Komponisten
Chouermusek vu Monument bis Raritéit
Direkt zwee Anniversairë feiert de Mechelschouer dës Saison ; 175 Joer Chorale Saint Michel a 65 Joer mam Gerry Welter als Dirigent. Dat mat Wierker vu Schumann a Bach op hirem tra
E romantesche Potpourri mam Lang Lang
De Starpianist Lang Lang an d'Düsseldorfer Symphoniker mat engem Programm vu Mendelssohn bis Dvorák.
Mozart Forever - E Stéck Wien zu Bukarest
Fir d’Ouverture vum Magic Summer International Festival spillt de rumänesche Camerate regală e puer vum Mozart senge bekanntste Wierker.
Jonke Lëtzebuerger Quartett
De Yanis Grisó, d'Cathy Heidt, d'Sophie Urhausen an de Matis Grisó spillen hiren éischte gemeinsame Kammermusekconcert an der Philharmonie.