Radioen

On air

9 bis 1  |  Almost Monday - Holiday

play_arrow Live
arrow_back_ios

Concert

100komma7.lu / Concert

/ Eng musikalesch Rees duerch de Sonnesystem

Eng musikalesch Rees duerch de Sonnesystem

headphones

108 min

Lauschteren play_arrow

Dem Gustav Holst seng Faszinatioun fir friem Kulturen a reliéis Schrëfte spigelt sech och a senge Wierker erëm. Net verwonnerlech also, datt och säi Wierk, mat deem hie säi grousse musikaleschen Duerchbroch hat, net vun dëser Welt ass. Rieds ass natierlech vu senger Orchestersuite “The Planets”.

All Planéit krut seng eege Charakterzich, déi duerch Rhythmus, Melodie an Tempo ënnerstrach ginn. Den CAPE an de Conservatoire du Nord presentéieren dëst Wierk als Arrangement vum Laurent Beeckmans fir 2 Pianoen zu 8 Hänn, 2 Perkussionisten an e Fraechouer.

Dir kënnt dëse Concert mat Commentaire vum Tanja Duprez bis de 25. Mäerz 2025 an der Mediathéik um www.opus.radio nolauschteren.


Programm:

Gustav Holst: Choryl Hymns from the Rig Veda op.26 (Group 3H.99)

• Hymn to the Dawn

• Hymn to the Waters

• Hymn to Vena

• Hymn of the Travellers


Gustav Holst: The Planets, Suite pour grand orchestre op.32 (arr. Par Laurent Beeckmans pour 2 pianos 8 mains, 2 percussionnistes et choeur de femmes)

• Mars, the Bringer of War

• Venus, the Bringer of Peace

• Mercury, the Winged Messenger

• Jupiter, the Bringer of Jollity

• Saturn, the Bringer of Old Age

• Uranus, the Magician

• Neptune, the Mystic


Interpreten:

• Andrea Théato & Cannis Shymki & André Roe & Laurent Beeckmans, Piano

• Christopher Hastings & Patrick Kraus, Perkussioun

• Nordvox Ensemble, Gesang

• Matthias Rajczyk, Direktioun

mic_none

Presentéiert vum

Episoden

100 Joer Swedish Radio Choir

En a cappella-Concert mat schweedeschen an aneren europäesche Komponiste vun der Renaissance bis haut

Sayako Kusaka and friends

Déi japanesch Geiistin Sayako Kusaka presentéiert Musek vu Bach, Mahler, Clara a Robert Schumann.

Hommage un d'Sofia Gubaidulina

Dës Emissioun ass en Hommage un d'Komponistin Sofia Gubaidulina, déi den 13. Mäerz 2025 gestuerwen ass.

Romantesch Téin aus der Philharmonie

D’Frënn vun de Lëtzebuerger Philharmoniker invitéieren op e Kammermusiksconcert mat fréiromantesche Wierker vu Schumann, Mozart a Weber.

Hommage un de Vladimir Valek

Dëse Concert setzt sech zesummen aus verschiddenen Opnamen vum Prager Radio Symphonieorchester ënnert der Leedung vun sengem laangjährege Chefdirigent, dem Vladimir Valek.

Op de Spuere vu "Carmen"

D'Oper "Carmen" begeeschtert de Public ëmmer op en Neits, mee och déi zwou Carmen Orchestersuitte kennen e grousse Succès. An dës sinn net déi eenzeg gefeiert Wierker an dësem Programm.

"Wir sind wie zwei Brüder"

Den Cellist Alexander Hülshoff an de Pianist Andreas Frölich spillen de 27. Januar 2025 ee Concert an der Philharmonie, um Mozart sengem Gebuertsdag an um Internationale Gedenkdag un d'Affer vum Holocaust.

Galaconcert SOS Weltkannerdierfer

Ee Concert an der Philharmonie am Kader vum Galaconcert fir d'SOS Weltkannerdierfer den 12. Dezember 2024. D'Lëtzebuerger Philharmoniker spillen zesumme mam jonken ukrainesche Geiist Dmytro Udovychenko.

Franz héich 2

Dem Franz Schubert seng éischter manner bekannte Sinfonie Nr. 6 trëfft op dem Franz Berwald seng 2. Sinfonie mam Bäinumm "La Capricieuse". Zwee Wierker, déi laang Zäit ënnerschat goufen.

Zäitrees an d’Wiener Klassik

Mir maachen eis op de Wee an eng europäesch Haaptstad, déi d’Museksgeschicht iwwer Joerhonnerte staark gepräägt huet, mat Wierker vu Mozart a Beethoven.

Concert a Commemoratioun vum Holocaust

Optrëtt am Mierscher Theater am Kader vum 80. Joresdag vun der Befreiung vun Ausschwitz mat der Lëtzebuerger Militärmusek

100 Joer Pierre Boulez

De Pierre Boulez ass virun allem bekannt als Komponist vun Neier Musek. Als Dirigent huet hie sech awer engem méi traditionelle Repertoire gewidmet.

An der Welt vun de Märercher

Musikalesch Märercher aus 1001 Nuecht an den 1. Celloconcerto vum Schostakowitsch

Vu Montfort op Saint Germain

Franséischen Impressionismus vun Debussy a Ravel mat dräi Professeren aus dem Stater Conservatoire.

Händel, Rameau a Mozart treffen op d'Louise Farrenc

E Programm, dee sech ronderëm den Dag vun der Aler Musek dréit.

Concert aus de Schwäizer Bierger

Dee weltberüümte Schwäizer Flüttist Emmanuel Pahud spillt dem Mozart seng bekannte Quartetter fir Flütt.

Hommage un den Danz

Ee Concert als Hommage un den Danz mat der Uropféierung vun "Imbalance" vum jonke Lëtzebuerger Komponist Félix Túrrion Eichler

Multitalent trëfft op Wonnerkand

Mozart an Abel stinn um Concertsprogramm vum Kammerorchester vum rumänesche Radio zesumme mat der Pianistin an Dirigentin Simona Strungaru.