Concert
Russesch Romantik
"Romeo und Julia " a "Schwanensee" - dat sinn zwou Balletsmuseken voller Romantik vum Prokofjew a vum Tschaikowski, déi de Philharmoneschen Orchester vum Radio France hei presentéiert. Dotëschent héiert een dem Rachmaninow seng Rhapsodie iwwer en Theema vum Paganini, en Hommage vun dem russesche Pianosvirtuos un den “Teufelsgeiger”. Dëst Wierk zielt zu de verrécktste Concertswierker aus der Orchesterliteratur. Um Piano spillt hei de Nelson Goerner aus Argentinien, deen dacks fir seng ganz poetesch Interpretatioune gelueft gëtt.
Programm:
Sergei Prokofjew: Romeo und Julia - Balletsmusek (Ausschnëtter)
Sergei Rachmaninow: Rhapsodie iwwer en Theema vum Paganini, Op. 43
Pjotr Iljitsch Tschaikowski: Schwanensee, Op. 20a - Balletsmusek (Ausschnëtter)
Interpreten:
Nelson Goerner , Piano
Radio France Philharmonic Orchestra
Elim Chan, Direktioun
Presentéiert vum
- Joachim Fontaine