Concert
La Harpe à Paris
100 Prozent franséisch Musek - déi kann ee bei dësem Concert ActArt genéissen, deen de 26. November am Stater Conservatoire war. Dat ass eng Concertsrei, bei där d’Enseignantë selwer Concerten zesummespillen. Hei stinn am Ganze siwen Enseignanten op der Bün vum Conservatoire. Am Virdergrond steet d'Dina Nimax, eng jonk Lëtzebuerger Harfenistin. Um Programm sti Wierker vu Claude Debussy, André Caplet a Maurice Ravel - allen dräi franséisch Komponisten aus dem spéiden 19. a fréien 20. Joerhonnert.
Huelt Plaz am 100,7 Concertssall mam Commentairë vum Marie Schockmel.
Programm:
- Claude Debussy: Sonate en Trio L.137 fir Flütt, Braatsch an Harf (1915)
- André Caplet: Conte fantastique pour harpe et quatuor à cordes (1908)
- Maurice Ravel: Introduction et Allegro fir Harf, Klarinett a Sträichquartett (1905)
Interpreten:
- Dina Nimax, Harf
- Vania Lecuit, Gei
- Evelyne Marmann, Gei
- Renata Van der Vyver, Braatsch
- Tom Feltgen, Cello
- Carlo Jans, Querflütt
- Max Mausen, Klarinett
Presentéiert vum
- Marie Schockmel