Concert
Ee Quintett an zwee Quartetter
Vienna Meets Prague ass de Concert Euroradio iwwerschriwwen. Dora verbannen sech de Wiener Klavierquartett mat engem Dirigent zu engem Quintett. Et ass den Tschech Petr Popelka, deen dohinner zeréckgeet, wou seng Karriär ugefaangen huet. Um Kontrabass. Hie spill mat am Johann Nepomuk Hummel sengem Quintett. Duerno stinn nach Pianosquartetter vu Martinu a Brahms um Programm
Dëse Concert gouf den 2. Juni 2024 zu Prag opgeholl a gëtt Iech presentéiert vum Remy Franck. Dir kënnt e bis de 24. Dezember an der Mediathéik vum opus 100,7 nolauschteren.
Programm:
Johann Nepomuk Hummel: Pianoquintett, op.87
Bohuslav Martinů: Pianoquartett, H. 287
Johannes Brahms: Pianoquartett Nr. 1, op.25
Interpreten:
Petr Popelka, Kontrabass
Wiener Klavierquartett
Presentéiert vum
- Remy Franck