Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Concert

100komma7.lu / Concert

/ Rising star: Mathis Stier

Rising star: Mathis Stier

En aussergewéinleche Concert ënner dem Motto “Outside the box”, mat enger aussergewéinlecher Besetzung. Um Programm: Wierker aus iwwer 400 Joer Museksgeschicht, arrangéiert fir deen erstaunlechen Duo Fagott an Akkordeon.

Dëst ass e Matschnëtt vum Concert vum 7. Mee 2024 aus dem grousse Sall vun der Philharmonie. Dir kënnt den Concert bis de 7. Juli 2024 um www.opus.radio nolauschteren.

Um Programm:
Philipp Friedrich Böddecker (1607-1683): Sonata sopra “La Monica” fir Fagott a Basso continuo
Maria Sigfúsdóttir (1980): Remembering fir Solo-Fagott an Elektronik (Commande ECHO)
Alexandre Tansman (1897-1986): Sonatine fir Fagott a Piano
Krzysztof Penderecki (1933-2020): Trois miniatures fir Klarinett a Piano (Arrangement Mathis Stier)
Heinz Holliger: Klaus-Ur aus Dräi Stécker fir Fagott
Johann Sebastian Bach (1685-1750): Sonate fir Uergel Nr. 1 a mi bémol majeur BWV 525 (Arrangement Mathis Stier)
Johann Sebastian Bach (1685-1750): Sinfonia Nr. 8 a Fa majeur, BWV 794 (Encore)

Interpreten:
Mathis Stier, Fagott
Julius Schepansky, Akkordeon

Musek
Klassik
mic_none

Presentéiert vum

Episoden

E jonke franséischen Cellist zu Tokio

D’Cellosonate vum Francis Poulenc a vum Frédéric Chopin grad wéi och dem Franz Schubert seng berüümten "Arpeggione Sonat" stinn um Programm

Ouschtere mam Georg Friedrich Händel

"La Resurrezione" erzielt iwwer dem Jesus seng Rees an d'Häll no senger Kräizegung, esou wéi säi Comeback aus dem Abyssus.

Johannes Moser a Paul Rivinus

Déi zwee grouss Museker spillen zesummen am Duo.

D'Simone Young dirigéiert déi 3. a 4. Sinfonie vum Brahms

Et sinn zwou Sinfonien, déi am Géigesaz zuenee stinn: déi eng ass heroesch-melancholesch, déi aner tragesch-dramatesch.

Véier Komponiste vum Barock bis bei d'Moderne

Eng Rees duerch verschidde musikalesch Epochen - vum Johann Sebastian Bach bis bei de Leo Weiner. E Concert vum Irmos String Quartet

Musikalesch Zäitrees duerch d’lëtzebuergesch Gedichterwelt

D’Sopranistin Noémie Sunnen, d’Mezzo-Sopranistin Magali Weber an d’Pianistin Tatsiana Molakava exploréieren de Lëtzebuerger Lidder- an Duett-Repertoire.

D'Rising Stars vun der Kammermusek an der Philharmonie

D'Geiistin Júlia Pusker an d'Pianistin Christia Hudziy spillen e.a. Wierker vum Prokofiev, Bartók a Beethoven.

En Täschenorchester am CVL

Ënner dem Titel Pocket Orchestra presentéiert de Stater Conservatoire (CVL) e Concert mat engem Quintett, deen et packt wéi e ganzen Orchester ze kléngen.

So British!

Eng Entdeckungsrees vu manner bekannte, brittesche Komponisten, déi tëschent 1879 an 1989 gelieft hunn: Ireland, Delius a Berkley.

So British!

Eng Entdeckungsrees vu manner bekannte, brittesche Komponisten, déi tëschent 1879 an 1989 gelieft hunn: Ireland, Delius a Berkley.

Nighthawks vum Ivan Boumans: Musek iwwer d'Pandemie

Concert vum Quatuor de saxophones du Luxembourg mam Pianist Peter Petrov de 29. November 2023 am Stater Conservatoire

Schöngeist mam Schengen Trio

D'Solistes Européens, Luxembourg lueden den Trio Schengen an, mat Kammermusek vu Beethoven, Albrechtsberger, Haydn a Kodály

Brahms Sonate fir Gei a Piano

Am Kader vum Salzburger Festival gëtt Kammermusek vum Johannes Brahms gespillt

Brahms Sonate fir Gei a Piano

Am Kader vum Salzburger Festival gëtt Kammermusek vum Johannes Brahms gespillt

30. Gebuertsdag vum Belcea Quartet

Concert vum Music Chapel Festival 2023 zu Bréissel

30. Gebuertsdag vum Belcea Quartet

Concert vum Music Chapel Festival 2023 zu Bréissel

Franséisch Kläng

E Programm, deen een net esou dacks ze héiere kritt. Musek fir Flütt, Harf, Gei, Braatsch an Cello vum Jean Cras, André Jolivet a Joseph Jongen.

Franséisch Kläng

E Programm, deen een net esou dacks ze héiere kritt. Musek fir Flütt, Harf, Gei, Braatsch an Cello vum Jean Cras, André Jolivet a Joseph Jongen.

Den traditionellen Neijoerschconcert vu Wien

D'Wiener Philharmoniker live aus grousse Sall vum Musikverein zu Wien mat ë. a. Musek vun der Strauss-Dynastie. Direktioun: Christian Thielemann. En Evenement, dat an iwwer 90 Länner iwwerdroe gëtt.
headphones

0 min

play_arrow

Den traditionellen Neijoerschconcert vu Wien

D'Wiener Philharmoniker live aus grousse Sall vum Musikverein zu Wien mat ë. a. Musek vun der Strauss-Dynastie. Direktioun: Christian Thielemann. En Evenement, dat an iwwer 90 Länner iwwerdroe gëtt.
headphones

0 min

play_arrow