E Cocktail, deen aus den 30er Jore kënnt. Dat Rezept, dat mir haut kennen, ass awer an de 70er entstanen. De Barkeeper Marko Kuharic verréit eis d’Rezept vun dësem Klassiker.
Rezept:
Et fëllt een e Glas voll mat Äis an da kommen do 90 Milliliter Orangëjus dran. Als nächst schëtt een e bësse Grenadine-Sirop drop. Zum Schluss kommen nach 45 Milliliter Tequila drop. Als Dekoratioun kann een eng Scheif Orange huelen.