E Klassiker, deen een net méi esou dacks gesäit. De Barkeeper Marius Birsan verréit hei säi Rezept.
Rezept:
60 Milliliter Gin
30 Milliliter Limetten-Jus
15 Milliliter Zockersirop
Déi kommen dann an de Shaker. Dat kënnt an e Glas an da fëllt een dat mat Spruddelwaasser op an duerno réiert een et nach eemol mat engem Läffel ëm. Als Dekoratioun kann een e Stéck Zitroun huelen.