Eng Variatioun vum Cocktail-Klassiker, déi net grad esou staark ass. De Barkeeper Markus Sippe huet säi Rezept verroden.
Rezept:
Et kommen 100 Milliliter Zockersirop an e bëssen Angostura-Bitter an e Glas.
Duerno komme 75 Milliliter Rum an d’Glas an dat gëtt alles zesummen am Glas mat engem Läffel geréiert.
An en anert Glas leet een e groussen Äiswierfel an da kënnt de Cocktail do drop.
Als Dekoratioun kann een e bësse Schuel vun enger Orange huelen.