Cocktail vun der Woch
Moscow Mule
6 min
E Cocktail, deen anescht wéi den Numm et undeit, guer net a Russland erfonnt gouf, mee an den USA. De Barkeeper Marius Birsan erkläert, firwat dee Cocktail an engem koffer Becher zerwéiert gëtt an natierlech verréit hien eis och säi Rezept.
Rezept:
An e koffer Becher kennt Äis an do kommen dann och déi verschidden Ingredienten dran.
50 Milliliter Vodka
120 Milliliter Ginger-Beer (alternativ kann een och Ginger Ale huelen, wat manner staark ass)
An et presst een eng Zitroun an de Becher.
Et kann een de Becher mat engem Stéck Zitroun dekoréieren.
Presentéiert vum
- Simon Larosche