An enger Therapie oder Berodung geet et net nëmmen ëm Methoden oder Gespréichstechniken – mee virun allem ëm d’Bezéiung tëschent zwou Persounen. Dobäi entsteet eng speziell Form vu Kontakt: Als Client erzielt een dacks ganz perséinlech Saachen iwwer sech selwer, weess awer gläichzäiteg wéineg iwwer déi Persoun, déi engem géigeniwwer sëtzt. Genee dëse professionelle Kader kann et méiglech maache sech verstanen, eescht geholl a sécher ze fillen. Gläichzäiteg kënnen awer och Spannungen oder Konflikter entstoen – an och déi kënnen am therapeutesche Prozess eng wichteg Roll spillen. Fir vill Leit ass et vläicht esouguer déi éischte Kéier, datt si erliewen, wierklech ouni Verurteelung nogelauschtert ze kréien. Wéi esou eng therapeutesch Bezéiung funktionéiert, wéi Vertrauen entsteet a firwat se esou zentral fir Verännerung sinn, ass dës Kéier Theema.
arrow_back_ios
Aus dem Liewen
Familljen-Center
Lauschteren
play_arrow
headphones
5 min
mic_none
Presentéiert vum
- Pit Walté