Bicher als eng méiglech Ënnerstëtzung fir Familljen an enger néier Liewenssituatioun.
E gutt Kannerbuch bréngt et fäerdeg, e sensibelt Thema a Wieder ze faassen.
Beim Kucken a Liese kenne Kleng a Grouss mierken, wéi vill Gefiller do sinn a wéi ee kann domadder ëmgoen.
Mat oder ouni schwätzen, eppes kann sech opmaachen. Oft gëtt et en Aha-Erliefnis, bëssi nom Moto: Wenn das Leben dir Zitronen gibt, mach Limonade draus!”.
Mir kucken eis eng Partie Bicher un, wou et em Thema Trennung a Scheedung geet.
Explikatioune mam Lis Thomé aus dem Familljen-Center.
www.familljen-Center.lu